Dat passend Buch fir d'Liblingsspill?

CD Project Red huet an der Vergaangenheet oft bewisen dass si frou mat hire Fans sinn. 
Entweder hu si gratis Kontent fir hier Spiller erausbruecht oder souguer Fan-Artikelen.

Bei The Witcher wësse si genau wéi wichteg hier Community ass, dofir brénge si e Buch eraus, awer net egal wéi e Buch.
Fir méi genau ze sinn: ee Manga.

Lauschtert Hei !

Hand gezeechent mat neien a spannende Geschichten déi nach ni gezielt gi sinn. 
Am Buch geet et dorëms wéi de Gerald d'Snow Lady verfollegt, an dobäi trëfft hien op déi verschiddenst Problemer wéi an de Spiller.

Dat alles soll onheemlech héich Qualitéits Uspréch hunn, an ass och keen dënne Schmöker. 
4 Kapitele sollen et am ganze ginn déi zesummen iwwer 100 Säiten ausman.
Zousätzlech ginn et 3 Mini Geschichten déi am ganze 45 Säiten hunn, 10 Säiten ginn et iwwert de Making-of vum Buch.

Dat ganzt fänkt bei 35€ un, a geet bis zu 1050€.

Ech perséinlech hu meng Bestellung ofgi fir eng Standard Editioun a kann et kaum erwaarde wann d'Buch am Januar ukënnt.