Vill Leit géifen elo soen dass een Minecraft Schwäin onrealistesch wier als Transportmëttel, awer ech gesinn hei e Lach am Marché.

Minecraft spillen ass schéin a gutt.
Bléck ofbauen, an dann aus deenen Bléck nei Saache bauen oder Saache craften. 
Dobäi kann een onheemlech vill Zäit doud schloen.

Lauschtert hei !

Awer et geschitt jidderengem emol dass ee sech seet: "Woah ech weess elo net wat maachen?!" 
An deem Fall mecht useg jiddereen dat selwescht:

Sech e Schwäin aus eiser Farm kropen, en Wadels deefen, a mat deem déi ganz Minecraft Welt erfuerschen.

A genau dat huet sech de Youtuber Electo ausgeduecht, mee een richtegt Schwäin wier warscheinlech illegal ze reiden.

Also huet hien aus Holz e Schwäin aus Minecraft no gebaut a mat Electromotoren equipéiert.
Dobäi benotzt hien eng Aangel mat enger Muert fir de Schwäin, oder wéi hien se nennt:

Hamborgini, kënnen ze lenken.

An dat mat Succès.

Dat ganzt huet souguer esou gutt geklappt, dass e mat rasanten 32 km/h gefuer ass.

Beim Test gouf et natierlech och déi eng oder aner Pann, wat zimmlech normal ass fir e Prototyp, deen hoffentlech a Groussserie eraus kënnt.

Ier Froën opkommen, bei enger grousser Hamburgerketten, as e mam Schwäin eraus gehait ginn.