Wat ass gelaf a wien huet gewonnen? Dat fannt dir hei eraus!

Post Esports Masters geet an déi Drëtt Ronn.

2020 war déi éischt Editioun an duerch Covid exklusiv Online.

2021 war do scho vill besser, well eng richteg flott Show organiséiert ginn ass.
Zwar weiderhin nëmmen Online, awer am Kinepolis war et gemitterlech an de Fotellen an et gouf och eng Bün wou d'Spiller dann hier Talenter bewisen hunn.

Dëst Joer war dann déi eichte Editioun mat Publik!
An et kann ee soen, et war ee vollen Erfolleg.

E Samschdeg war d'Finall vu Fifa22Clash Royal.

Bei Fifa huet den Abdoubron gewonnen, deen de klore Favorit vum Dag war.
Zwar war hie sech als 3. qualifizéiert, mee e war bekannt dofir, dass en onheemlech staark ass wann et ëm alles geet.

An bei Clash war de Plackpearl de Favorit, mee huet duerch fatal Feeler nëmmen déi drëtt Plaz gemaach.
Op déi éischt Plaz huet et dann den Thaddeus, dee sech als 4. qualifizéiert hat, gepackt.

Felicitatioun un déi Zwee.

Ech war bei der Finall vu Rocket League dobäi, well et och ee Spill ass wat mir besser läit, an ech kann iech soen: Do ass d'Post ofgaang! (Joke Intendet)

An ech haat d'Gléck jidderee virun de Matcher kënnen z'interviewen ausser d'Team Aller "le Foot".
Als éischt hat ech eis national Matadoren, déi och hir Fans dobäi haten, am Interview.

Team Lëzebuerg

Lauschtert Hei d'interview mat Team Lëzebuerg

Weider geet et da mam Team Minzk

Lasuchtert Hei Team Minzk

A weider fuere mir mam Team Rift Sloths

Lauschtert Hei Team Rift Sloths

Komme mer zum éischte Match!

Rift Sloths VS Aller le Foot

Ronn 1
An den éischte Minutte vum Spill gouf et den éischte Gol vum Dag vu Rift Sloths.
Wei si bis waarm waren, ass den 2. no 20 Sekonne gefall.
De Match ass mat 3:1 fir Rift Sloths ausgaangen, déi sech un Aller le Foot opgewiermt hunn.

Ronn 2 - war méi spannend!
Den éischte Goal war mol direkt vun Aller le Foot, genau wéi den zweeten.
Rift Sloths konnt nach ee Goal schéisse mee dat war et dunn och Schonn. 3 Sekonne viru Schluss hu si hir Chance op den Ausgläich verpasst.

Ronn 3 - war déi schäerfsten
Et ass stänneg hin an hier gaange bis et 5:3 fir Rift Sloths ausgaangen ass.
Dobäi ware vill verpasste Chancen a Feeler vun Aller le Foot.

Déi 4. Ronn war Rift Sloths méi dominant, mat 6:2 hu si de Match ofgeschloss a si soumat weider an der Finall.

Team Minzk VS Team Lëtzebuerg

Team Minzk huet an der éischter Ronn hir Muskele gewisen an hu mat engem 5:1 ouni Méi gewonnen.

Ronn zwee war mol besser fir Team Lëtzebuerg, mee et ass leider trotzdeem net duer gaang,
2:1 stoung et, wéi d'Auer ofgelaf war.

Déi läscht Ronn ware vill Feeler a verpasste Chancë fir Team Lëtzebuerg.
Mat 2:0 ass dann den zweete Match vum Dag un Team Minsk gaangen.

Lauschtert Hei Team Minzk !
Lauschtert Hei Team Lëzebuerg !

Aller le Foot VS Team Lëtzebuerg

Drëtte Match vum Dag war Team Aller le Foot VS Team Lëtzebuerg.

Hei huet Team Lëtzebuerg an all Match dominéiert.
An der éischter Ronn ass et mat 5:3 spannend ginn, awer déi nächst Ronn hu si mat 8:1 gewonnen, wat immens ass! Dëst huet mech un dat hei erënnert.

RTL

© Eldo

De läschte Match ass mat 3:0 ausgaangen. Dëst huet gewisen, dass d'Team Aller le Foot de Problem verstanen huet an och verbessert.

D'Ronn 4 ass mat 4:2 ausgaangen, spannende Match méi huet nach eng kéier gewisen dat Team Aller le Foot et verstanen hunn.

Lauschtert Hei Team Lëzebuerg !
Lauschtert Hei Team Aller le Foot !

Minzk VS Rift Sloths

De 4. Match war spannend.
Dei zwee top Teams treffen openeen.
An der Vergaangenheet hat d'Team Minzk scho mol verluer géingt d'Team Rift Sloths.

Ronn 1 ass mat vill Iwweraschunge lass gaangen.
Beim 2:2 fir Minzk ass hinnen een Ausgläich gelongen.
10 Sekonne sinn nach bliwwe mee duerch e Feeler vun Team Minzk konnt Team Rift Sloths e Kickoff Goal schéissen, wat de Match mat 3:2 erleedegt huet.

Ronn 2 ass mat 2:1 ausgaangen, een onspektakuläre Match mat vill flotte Verdeedegungen.

An der 3. Ronn huet Rift Sloths dann awer mat 4:1 e Schlussstréch gezunn.

Lauschtert Hei Team Rift Sloths !

Second Chance ass ee flotte System, deen dem Team, déi u sech déi 3. Plaz sollt kréien, nach eng weider Chance souguer op déi 1. Plaz gëtt.

Lauschtert Hei Team Lëzebuerg !

A soumat huet sech Team Lëtzebuerg konnte géint Team Minzk nach eng Kéier beweisen.

Team Lëtzebuerg VS Minzk

Ronn 1
5:0 fir Minzk, wat soll een do soen...

Ronn 2 war scho besser, mee mat engem 3:1 ass een nach bësse wäit vum Ziel ewech.

Ronn 3 war leider net besser. hei huet Team Minzk de Sak zou gemaach a sech d'Plaz an der Finall geséchert.

Lauschtert Hei Team Minzk !
Lauschtert Hei Team Lëzebuerg !

Finall

Mir kommen zu der grousser Finall.
Hei gëtt entscheet, wien Champion gëtt.
Keng Plaz fir Feeler.

Et war och esou zimmlech de spannendste Match vum Dag.
Best of 7, wou awer Team Rift Sloths schonn ee Punkt kritt, well si den Dag ouni verluere Ronne gespillt hunn.

Déi éischt Ronn gi keng Feeler gemeet, vu kenger Säit. Et huet souguer sou ausgesi wéi wann Team Minzk gewanne géif mat 2:1 bei 2:36. Mee do huet jiddereen ze fréi gefeiert.
Jiddereen huet mega staark gespillt, mee et ass fir Team Minzk net duer gaangen a si hu mat 4:2 géint Team Rift Sloths verluer.

Ronn 2 ass genau gläich ofgelaf.
3:12 gläicht Rift Sloths mat enger fantastecher Pirouette den 2:2 aus, a spéider maache si nach 4:2 voll.

Ronn 3 huet Minzk dominéiert mat 3:1 an et huet esou ausgesi wéi wann den Underdog nach Chancen hätt, dat ganzt mat Heem ze huelen.

Ronn 4 ass mat engem 2:2 aus gaang.
Dofir gouf et Overtime a bei 2:27 ass dann de läschte Gol fir Rift Sloths gefall, a soumat hate sie 4 Ronne vu 7 gewonnen.

Lauschtert Hei d'gewenner Rift Sloths !
Lauschtert Hei Team Minzk !

Felicitatioun u jiddereen, deen e Sonndeg matgemaach huet.

Merci un d'Organisateure fir déi mega Show, an natierlech och un d'Fans, déi mat gejubelt hunn.