
© Intel
Wie geduecht huet dass et net méi schlëmm kéint gi mat Semitransistoren, dee muss säi Kaf op eng nei GPU oder CPU iwwerdenken.
Intel muss Fabricken zou maache wéinst dem Klimawandel.
Intel muss an der Provënz Staat vun China Sichuan, hier 3-stäckeg Fabrick zou maachen.
An dat obwuel mir am Moment ee weltwäiten Semitransistor Mangel hunn.
Dëst ass dem Klimawandel ze verdanken, net well dëst vill CO2 ausstéisst bei der Produktioun, éischter am Géigendeel.
Mee duerch d'Hëtztwell, déi am Moment do herrscht.
Iwwer 40°C ginn all Dag gemooss.
Automatesch mécht een also och d’Klimaanlag un.
An dat bei 81 Milliounen Awunner.
Intel verbraucht schonn eleng fir hiert Wierk 60 Milliounen kWh Energie am Joer.
A bei deenen Temperaturen kommen nach Klimaanlagen dobäi vun de Privatleit, wat dozou féiert dass Netzdeeler am Stroumwierk iwwerlaascht sinn.
Nach ass et net bekannt fir wéi laang d’Wierk muss zou bleiwen, mee wat emol sécher ass, ass datt et definitiv net gutt ass fir déi Penurie an dat wäert d’Präisser weider an d’Luucht dreiwen.