Nei Serie krit de finalen Doudestrëtt.

Lauschtert Hei !

Et ass jo bekannt dass déi lescht 10 Joer méifach probéiert ginn ass, aus Videospiller Filmer oder Serien ze man.

Wéi zum Beispill "Mortal Kombat" 1997, deen terribel schlecht war par rapport zum éischte Film.

Oder den "Hitman" Film aus dem Joer 2015, an nach vill méi:

- "Super Mario Bros" aus dem Joer 1993

- "Warcraft" aus dem Joer 2016

- "Lara Croft" aus dem Joer 2001

- "Doom" aus dem Joer 2005

An net ze vergiessen, ee Film deen nëmme cringe rifft, "Need for Speed"!

Ech kéint de ganzen Dag esou weider maachen.

Awer Netflix schéngt den Trick eraus ze hunn, wéi een aus engem Spill eng gutt Serie oder Film mécht.

Well déi lescht Jore si super Serien eraus komm wéi:

- "Arcane"

- "Dota"

- "Witcher"

An awer hu si elo bei enger ganz neier Serie no 2 Méint ugekënnegt dass keng zweet Staffel méi kennt.

An zwar: "Resident Evil"…

Nodeems iwwer 70 Millioune Stonne gekuckt gi sinn an et awer vill schlecht Bewäertung gouf, huet Netflix decidéiert dass si keng nei Staffel maachen.

Bei "Rotten Tomato" sinn et schlapp 55% wat schlecht ass, a Kritiker ginn an der Reegel 25%.