
© Sony
Mee ass et derwäert ee PSVR 2 ze kafen. Ma wéini kënnt et dann eraus ?
D'Playstation war schonn ëmmer eng revolutionär Konsol.
Souwuel Funktionalitéite wéi Blueray wéi och technesch Virdeeler iwwer APU’s waren ëmmer besser wéi bei der Konkurrenz.
An der Vergaangenheet war Sony an deem Punkt ëmmer staark wat Gaming mam Controller ze dinn huet.
Ausser bei Spiller, déi kee klassesche Controller verlaangen. Do ass dat beschte Beispill Mover Motion Controller.
Deen ass am Joer 2010 eraus komm fir ee konkurrenzfäege Produit ze hunn géint d’Wii an d'Xbox Kinekt, a soe mir mol sou, et war net beweegend.
Dofir ass am Joer 2016 beim grousse Boom vu VR och eng Playstation Versioun eraus komm.
Awer fir VR kennen ze spille brauch een eng gewësse Leeschtung, déi d’Playstation 4 net hat, an dofir war et schnell kloer dass de VR Headset vu Sony net d’Sue wäert war.
Elo si mir awer am Joer 2022 a mir hunn d’Playstation 5, also e puer vun eis hunn eng Playstation 5.
A Sony bréngt eng nei Versioun vun hirem VR Headset eraus, de PSVR2.
Dee soll ee 4K Oled Display hunn a bis zu 120hz kënne schaffen.
De Virgänger war ee Full HD Display, dee bis zu 90hz gaangen ass, an och nëmmen duerch en Tëschenmodul, deen déi feelend 30hz dobäi gezaubert huet, wat net gutt war.