Wat eréischt nächst Joer sollt kommen ass elo scho gewise ginn.

Ugangs leschter Woch ass ee Video op Youtube geluede ginn, deen ee geleackten Cinematic fir Overwatch 2 gewisen huet mat engem neien Hero.

De Video weist eng nach net fäerdeg, spuenesch Versioun vun der Story iwwert den Hero Kiriko.

Hatt huet gréng Hoer an et schéngt, wéi wann et sech teleportéiere kann, heelen an och am begrenzten Ëmfeld seng Kraaft un aner Leit weider gi kann, fir datt se esou staark si wéi hatt.

Wéi fir Blizzard üblech ass de Video emotiounsgelueden, an dat fir knapp 10 Minutten.

De Video wierkt fir mech eescht, et passt mat den Teasere vun Blizzard zesummen, wéi si an der Vergaangenheet gesot hunn dass den 35. Hero, Kiriko sollt heeschen an och mam Saz „What does the fox say“

Leider ass de Video net vu Blizzard selwer komm, wat dorop hiweise kéint dass et net eescht ass, mee eng verdammt gutt Fälschung kéint sinn.

Awer Blizzard huet missen ee Feeler maachen, sinn hunn op dem Video ee Cliam of Copyright gesat, an dat ass fir mech een Unzeechen, dass et original ass.

Leider ass de Video och net méi op Youtube oder soss anzwousch ze gesinn.

Mee et gëtt nach deen een oder anere Video, déi duerch den Internet flatteren.

Weider ass näischt bekannt, weder iwwert e Release Datum oder soss eppes.