Indie Spiller si cool, bréngen nei Konzepter un d'Dagesliicht oder modern Spilltechnik, an heiansdo si se aus Lëtzebuerg, genau sou wéi dat nächst Spill.

Indie Spiller ginn et der vill, awer nëmmen eng Handvoll stiechen eraus.
Entweder well se eng technesch Raffiness hunn, oder eng spannend a speziell Story.

Ganz oft ass et och duerch nei Spillmeschaniken, déi se doduerch berüümt man, oder villäicht souguer den Humor.

An der Vergaangenheet goufen et vill Beispiller, wei:

- Rocket League
- Hollow Knight
- Among Us
- Super Meat Boy
- Cuphead

Natierlech net ze vergiessen: Minecraft!
Déi Lëscht ass natierlech éiweg laang an et feele wansinneg vill Spiller.

An, an Zukunft kéint sech een neit Spill, dat hei zu Lëtzebuerg entwéckelt a programméiert ginn ass, aréien. 
Et gouf och nëmme vun enger Persoun entwéckelt, dem Ralph Marschall.

Hie schafft säit enger bestëmmtener Zäit un engem Spill, wat hien: "Will and the Evile Duck" nennt.

An dofir hunn ech mech mat him zesumme gesat an iwwert säi Spill geschwat.

Lauschtert Hei !

Kuckt Hei !