Wat war lass a wien hunn ech alles getraff?

Lauschtert Hei !

Bei der LGX geet et haaptsächlech ëm Gaming.
Mee dozou gehéieren och weider Kategorie mat deenen ech mech nach ni sou befaasst hunn.

Wéi zum Beispill Cosplay.
Oder och Tabletop Games wéi D&D.

Ech duerft och Spiller spillen, déi nach an hirer Alphaphas waren, an ech duerft och Spiller spillen, déi ech reegelméisseg spillen.
An natierlech och vill Kolleege gesinn a mat hinnen ee flotten Dag do gehat.

LGX ass villsäiteg, a bitt fir jiddereen eppes un.
An wann et nëmme Petzie sinn, da fënnt een do och eppes. Ech hunn souguer ee Petzi vu mengem Dram-Hond fonnt.
Ee Shiba Inu.

A fir d'LGX ze feieren hunn ech mech dann op d'Sich gemaach no den interessantste Stänn an deenen dann de Mikro dohi gehal.

Als éischt hunn ech mech un Tabletop Games erugetraut, dëst ass eng Spaart déi ech ëmmer fir kléng an al gehal hunn. Mee wat ech mech do giert hunn.

Lauschtert Hei Game Tower

Dunn hunn ech weider Raim fonnt wou nach méi lass war, wéi beispillsweis Nocturn Esport.

Méi spéit duerft ech d'Alpha Versioun vun "Will and the evil Duck" uspillen, a wat ech do vermasselt hunn, wéi ee Weltmeeschter.

Lauschtert Hei Will and the Evile Duck

Iessen ass eppes wat legendär ass fir d'LGX.
D'ongeschriwwend Gesetz ass et, de Curry ze probéieren. Mee et gëtt natierlech nach vill méi do.

Duerno hunn ech mir Suna ugekuckt.
Eng Plattform fir neie Cosplayer kënnen e bëssen ënnert d'Ärem ze gräifen.

Lauschtert Hei !

An zu gudder Lescht hunn ech déi wichtegst Leit am ganze Gebai gefrot, wéi et hinne gefall huet, d'Visiteuren.