Brauche mir elo wierklech nach ee Klon vu Guitar Hero? Soe mir mol sou, et ass komplizéiert..

Wie vun iech kennt Guitar Hero? Ee Spill bei deem et dorëms geet fir op enger Gittar déi richteg Téin ze treffen a Lidder nozespillen.

Mee lo musst dir iech festhalen, well lo kënnt een neit Spill: Trombone Champ -  een Indie-Spill wat lo virun kuerzem erauskomm ass.

Vum Prinzip hier ass et zimmlech änlech. Treff di richteg Téin an da kriss du Punkten. De Problem ass nëmmen, et ass ze absurd witzeg.

Verschidde Streamer hunn sech schonn dru getraut, an et ass onendlech witzeg.
Net nëmmen ass et onheemlech schwéier  och déi richteg Téin ze treffen, mee och am richtege Moment genuch Loft ze hunn. A fir Leit wéi mech di keng Erfarung hunn mat Trombonnen ass et duebel sou witzeg.

De Streamer Rudeism huet sech un dat Ganzt erugetraut. Mat engem Ultraschall Sensor kann hien eng Trombonn am Spill steieren wärend hien och am echte Liewen eng richteg Trombonn steiert, a mat engem Mikro Trombonn-Geräischer *doot doot* mécht.

Kuckt Hei !

Net nëmmen war all Toun dolaanscht, mee et huet och nach no näischt geklongen, awer den Spaass Faktor, dee loung bei 150%.

Am Spill hunn déi *doot doot* Trombonn-Geräischer sech nach zimmlech gutt unhéieren, mee wéi hie vun Ingame Sound op Reallife Sound gewiesselt huet, war et nëmmen nach Kaméidi, déi net zum Lidd gepasst hunn.

Gott sei Dank ass him d’Loft ausgaangen an ech konnt meng Oueren erhuelen. Sou entschëllegt mech, mee ech muss elo séier kucken wou ech eng Trombonn hirkréien.

Lauschtert Hei !

Kuckt Hei !