Wéi kann dat sinn, datt eng sou renomméiert Videospill-Firma sou eppes zouléisst?

Lauschtert Hei !

Cyberpunk 2077 ass 2021 mat engem grousse Spektakel released ginn, net nëmme well den Keanu Reeves eng Roll dra spillt, mee wéinst der 10 Joer laanger Entwécklung.
An et geet een dovun aus, datt bei sou enger laanger Entwécklung och vill Bugs geléist wieren.

Leider war d’Spill en Katastrof, day one war d’Spill deelweis onspillbar a vill Kritiker hunn d’Spill an der Loft zerrappt, nëmme wéinst de Bugs.

Mee wat ass do geschitt? Eng Firma wéi CD Project Red muss et dach gebak kréien, ee Spill esou gutt wéi Witcher op den Marché ze bréngen.

Grouss Entwéckler wie CDPR hu weder Resourcen nach Zäit, fir Spiller op Häerz an Nieren ze préifen, dofir outsourcen se hirr Spiller fir ze testen, an dësem Fall un di Polnesch Firma Quantic.

Quantic huet versprach, dass 30 héich talentéiert Leit un hirem Spill géiffe schaffen.
Leider waren déi éischt Resultater „underperforming“, wéi een Entwéckler vu CDPR gezielt huet.

En Ex-Employé vu Quantic huet zouginn, datt et effektiv 30 Leit waren, déi um Spill geschafft hunn, mee net emol 10 Leit aus deem Team wieren iwwerhaapt aus deem Metier.

Déi 10 Leit mat Erfarung hate knapps 1 Joer am Metier geschafft, an dëst duerft CDPR ni erausfannen. Dofir huet Quantic och dofir gesuergt, datt dat ni opkënnt.

Duerch den héijen Drock war d’Moral vun de Quantic Aarbechter och zimmlech um Enn, an d'Bezuelunge sinn och net ideal, 300€ fir een Ufänger a mol keng 700€ fir ee mat „Erfarung“.

Aner Spiller wéi NBA 2K21 waren och vum selwechte Problem betraff.
Bei Quantic gouffen och méi Projeten ugeholl, wéi si Resourcen hätten.

An obwuel et CDPR opgefall ass, datt eppes net mat den Aarbechter stëmmt oder allgemeng mat der Firma Quantic, hu si decidéiert, d’Spill ze releasen, obwuel d’Spill nach vill bekannt Bugs hat. D'Schold läit net eleng bei Quantic mä och bei CDPR.