Wat ass genau geschitt a firwat gëtt hien als Held geféiert?

De Yu-Gi-Oh Kreateur Kazuki Takahashi ass dout, laang Zäit gouf et keng Opklärung, u wat hie gestuerwen ass.

Mee elo ass et kloer, duerch ee Rapport vun der US Militär.

An der Géigend vun Okinawa ass eng ganz beléifte Platz fir Taucher.

Taucher vum US Militär déi do trainéiert hunn, hunn eng Fra héieren no Hëllef ruffen, well seng Duechter an der Stréimung vum Mier géif erdrénken, ongeféier 100m vun der Küst.

Taucher hu sech dann op de Wee gemaach fir d’Meedchen ze retten.

Leider ass et kengem opgefall, dass de Kreateur vu Yu-Gi-Oh och ënnerwee war, a selwer a Schwieregkeete geroden ass.

E puer vun den Tauch-Schüler sollen hie kuerz gesinn hunn, ier e verschwonnen ass.

Leider huet de 60-järegen Takahshi et net iwwerlieft, an ass beim Rettungsversuch erdronk.

Déi japanesch Küstenwache huet sech duerch de Virfall laang zeréck gehalen, an och keng Info eraus ginn.

1996 ass den éischte Manga vu Yu-Gi-Oh eraus komm, dee bis 2004 produzéiert ginn ass.

A Japan ass 1998 dann och déi éischt Episod vun der Serie ausgestraalt ginn, a kuerz Zäit drop och um däitschen RTL2.

An ech denken, ech schwätze fir all d'Fans vun där Réi, dass hien net nëmmen een Held war, beim Versuch d’Meedchen ze rette mee och een Held vun eiser Kandheet.