
© Capcom
D'Spill soll eréischt den 28. Oktober kommen, mee wéi kann ech et méi fréi spillen a sinn ech och dofir qualifizéiert?
Bei der Virbestellung vu Resident Evil The Village mat der Lady Dimitrescu krut och jidderee Resident Evil Re:Verse.
D'Spill sollt eréischt fir den 28. Oktober erauskommen.
Dat ganzt soll ee 5 Minutten Deathmatch Spill si mat Ranked Funktioun.
Third Person ass de Standard a soll Maps aus dem Resident Evil Universum wéi och och Charakter beinhalten.
2-6 Leit kënnen matenee spillen an all Charakter huet seng Spezialitéit.
Falls dir wärend dem Match sollt stierwen, dir hutt nämlech just ee Versuch, da wäert dir als Monster respawnen.
Wann een och als Monster verléiert, da fält een och do am Rang.
Sou gutt wéi dat Spill Prinzip kléngt, musse mir nach e bësse waarden.
Mee et gëtt eng Méiglechkeet, d’Spill elo schonn an der Beta ze spillen, awer nëmme fir Leit déi Resident Evil The Village virbestallt haten.
Kuckt Hei !
Fir de finale Release sollen awer dann 30 nei Maps an 30 weider Charakter releast ginn.
A fir Halloween gëtt et esouguer am Moment eng Promo vu 25% oder 30€.
Leider ass iwwer 30% vun de Spiller mam aktuellen Zoustand vum Spill net zefridde well se et net kënne spillen.
Servere si permanent down, dofir hoffen ech, dass dee Problem fir de Release geléist ass.