Kéint et wierklech sinn, dass verschidde User an Zukunft dat 4-facht a méi fir d‘Spiller kéinte bezuelen? A wéi kënnt Steam drop?

lauschtert Hei !

Videospill-Präisser si jo eppes ganz Delikates...

Schonn oft hunn ech et erlieft bzw. gesinn, datt Leit sech e Spill net kafe, well et einfach ze deier ass.

An der Industrie gëtt zanter den 80er Jore gesot, datt ee Spill net méi wéi 50 USD sollt kaschten.

Duerch d'Inflatioun a méi Opwand Spiller ze entwéckelen, sinn déi 50 USD op 60 an de leschte Jore gaangen.

An d'Studioen experimentéieren mat de Limitten, wat se dierfe kaschten, wéi DLC oder Addons als Oppräis higestallt ginn.

Wéi et schéngt, huet Steam och hir Rechnunge gemaach, wat se dierfen oder kaschte soll.

An dobäi si se ob dës interessant Zuele komm, fir déi eenzel Länner:

Fir de Pond zum Beispill ass eng maximal 8% Erhéijung nach dran an fir Europa 18%.

Wéi et schéngt, ass Japan an Süd Korea, wat d'Präisser ugeet, fir Videospiller net sou flexibel mat knapps 3%.

An anere Länner sinn d’Videospill-Präisser anscheinend geschenkt, wéi zum Beispill Argentinien, wou si eng 485% Erhéijung kéinte kréie fir dat selwecht Spill.

Aktuell wiere Spiller bei hinne fir knapps 4€ a kéinten op 25€ erhéicht ginn, an änlech geet et der Tierkei och.

RTL

Wat bedeit dat elo?

U sech näischt, well Steam nëmmen ee Conseil aussprécht fir de Studioen hier Spiller richteg ze placéieren.

Steam huet jo déi weltwäit gréissten Datebank u Spiller a fir wéi vill a wéi oft si fir wéi ee Präis verkaaft ginn.

Engersäits ass et ee Equiliber an de Präisser bei de verschiddene Länner kloer ze stellen a fir dass d'Hiersteller och gebremst ginn, awer dat ganzt ass nëmmen ee Conseil vun der Steam Säit.