Dëst Spill huet Potenzial d'Zombie Branche ganz em ze krempelen.
Zombie Spiller hate sou ëm den Dréi vun 2010 hiren Héichpunkt.
Bis dohin hat all Call of Duty een Zombie-Mode oder et si vill Spiller eraus komm, wou et ëm Zombie gaangen ass.
Déi eng Spiller ware méi stompf wéi Call of Duty, anerer ware scho bal poetesch wéi The Last of Us.
Mee zënter laangem kënnt do och näischt méi, ausser enger Hand voll Ausnamen.
Mee och déi si séier ausgehyped.
Dofir zielen ech iech elo vun engem neie Genre vun Zombie-Spill.
An zwar Zombien am Mëttelalter. Hei spillt dir een dapere Ritter an enger Welt, déi vun Zombien iwwerflut ass an dir probéiert z'iwwerliewen.
Kuckt Hei !
Net just d’Zombien, mee och aner Mënsche si geféierlech. Am éischten Trailer gesäit ee wéi ee sech virun den Zombie schützt a sech virun aner Mënsche verstoppt, wat drop hiweise kéint dass een an der Story ee gesichte Mann ass.
Dobäi hutt dir d'Méiglechkeet, alles am stealth ze maachen, oder am Nokampf dee mega fléissend a séier wierkt.
D’Mënschen am Spill schwätze mat engem ale britteschen Accent, wat drop hiweise kéint, dass et am Norde vun England spille soll.
D’Bëscher gesinn ofgeholzt aus, alles wierkt kal an naass an och zimmlech schmuddeleg.
Dierfer sinn zerstéiert a voller Läichen déi vun de Beem hänken.
Et ass sou richteg düster a perfekt fir de Grujel-Level um Punkt ze halen, dass ee sech wéinst all Klengegkeet d’Fro stellt, ob dat een Zombie oder ee wëllt Déier war.
D’Spill heescht Blight:Survival, et kann een et bis zu 4 Persounen am Coop spillen, a soll nëmme fir de PC kommen.