D'Freed u Sonic ass erëm zeréck!

Lauschtert Hei !

Sonic the Headgehog ass e richtege Klassiker.
1991 ass de Sonic fir eng éischte Kéier op eisem Fernsee doheem opgetrueden an engem Jump and Run Sidescroller Spill.
De Succès war enorm an doduerch sinn dann och d'Serien entstanen a weider Spiller.

Fir d'Joer 2000 hat Sonic scho Kultstatus erreecht.
An et goufen an där Zäit méifach Spinoffs wéi Rennspiller, Kampfspiller, Partyspiller an och Puzzelspiller.
An net ze vergiesse Mario & Sonic bei den Olympesche Spiller.

Wéi Sega dunn hir Dieren zou gemaach hunn, huet Nintendo d'Chance gesinn an och ergraff, fir de klénge bloen Igel an hire Portfolio ze bréngen an him eng nei Chance ze ginn.

An elo soll erëm een neien Deel aus der Sonic Saga eraus kommen.
An zwar: Sonic Frontiers
Gleeft mir wann ech soen, dass den éischten Trailer epesch ausgesäit, an dat ass nach ënnerdriwwen.

Hei huet een net nëmmen déi al Maps an 3D aus dem éischte Spiller, mee et gi komplett nei Maps, déi d’Fonken nëmmen sou fléie loossen.

Et ass souwuel alles faarweg, wéi och düster, a mir gesinn och de Knuckels an den Tails, an natierlech den Eggman.

Am Hannergrond leeft och d‘Lidd vu Queen "Don’t Stop me now", wat perfekt zum Sonic an dem Video passt, beim kucke vum Video kréien ech ëmmer erëm d’Héngerhaut.

Ee Spill wat ech fir all Sonic Fan oder souguer Jump and Run Amateur conseilléiere kann.