Neie Player in the House! Präis, Kënnen a Konkurrenz am Check!

Lauschtert Hei !

Déi chineesesch Firma Moore Threads huet hir éischt GPU erausbruecht an dee ka sech weise loossen : op alle Fall op Pabeier. Den MTT S80 beandrockt mat 7nm Technologie, 4096 Musa cores, 128 tensore Cores an engem gewaltege 16gb GDDR6 Späicher, dee mat 256 Bit leeft.

Dat Ganzt huet 14 Terraflops, eng PS5 huet der am Verglach just knapps 10. Obwuel se der PS5 um Pabeier iwwerleeën ass soll se mat 300$ manner kaschten.

D’Hoffnung, dass dës GPU de Marché revolutionéiere wäert an dem Nvidia Monopol en Enn kéint setze war deemno grouss. Ma déi éischt Reviews, déi aus China kommen, sinn net villverspriechend.

Duerch vill Problemer an der Software ass eng RTX 3060, déi ongeféier 14% manner Cores huet wéi eng S80 méi séier wéi dës. Op 4k ass d’Leeschtung souguer nach méi extreem well et hei 200% sinn, an dat obwuel d’S80 mat 4GB méi e groussen a séiere Späicher huet.

Et wär awer e Virgeschmaach op d’Zukunft, esou Moor Thread. Eng Ausso, déi bei Fans e batteren Nogoût ausléist, vue dass Nvidia mat der 4060 scho geschwënn ëm den Eck wäert kommen.

Menger Meenung no, wäert elo eng laang Phas vu Software Optimiséierung op eis zoukommen, esou wéi deemools bei Intel, fir, dass de Produit um Marché mathale kann an d’Leit sech trauen eng GPU vun enger onbekannter Mark ze kafen.

Ausserdeem huet Nvidia 30 Joer Erfarung méi wéi Moore Threads, e Facteur, deen net ze ënnerschätzen ass a virun allem schwéier nozehuele gëtt.

Trotzdeem muss ech soen, dass ech et net erwaarde kann e weidere Player an der Gaming Zeen ze gesinn. Bis elo war de Go To ëmmer Nvidia wann et ëm Performance a Stabilitéit gaangen ass, wie seet, dass sech dat net iergendwann ännere kann?!