Wéi wär et, GTA6 ze releasen? Dat kann nach dauere mee an der Tëschenzäit: den Update!
GTA5 ass schonn éiweg laang um Marché.
A wat d’Leit nach ureegt et ze spillen ass den Online Deel, bei deem ee wéi beim Singleplayer d’Welt kann entdecken oder an d'Loft sprengen.
Et komme reegelméisseg nei Missiounen eraus, bei deenen een natierlech och Sue kritt/klaut.
Dat Ganzt muss een am Beschte mat Kolleege spille well ganz éierlech, soss geet et kee Schrëtt virun.
Dat Flott bei de Missiounen ass, dass se all Kéiers och vill nei Saache mat an d’Spill bréngen, sief et Autoen, nei Immobilien oder souguer Bunkeren.
2020 gouf et de gréissten Update, den Heist Challenge, bei deem een nieft Methlabos och nach Autoen oder souguer wäertvoll Géigestänn klaue misst.
Am Challenge ass et dorëms gaangen, dass User op manst 100 Millioune sollte sammelen.
Zum Schluss hat d’Community eng Trillioun an enger Woch geklaut.
An d’User hunn et mol net express gemaach, déi Trillioun ze knacken.
Elo kennt den 2. Deel vun der Challenge.
Rockstar wëll et de Spiller net ze einfach maachen, dofir musse mir elo fir déi nei Challenge an enger Woch 2 Trillioune klauen, wat souguer fir GTA eng absurd Nummer ass.
Um Ënn vun der Challenge gëtt dann och eppes Neies firgestallt.
Wan dir wëssen wëllt wat genau, da musst dir et spillen.
Den Heist Event soll bis den 30. November lafen.