
© Netflix
D‘Staffel 2 ass e mega Succès gewiescht, mee ass et deen och fir d'Ursprongsgeschicht?
2007 ass den éischten Deel vun "The Witcher" erauskomm. Dat Ganzt ass vum Entwéckler Studio CD Projekt Red an d’Liewe geruff ginn an huet bis haut grousse Succès.
A wien hätt geduecht, datt een Hexer mam Numm Geralt de mega Hit géif landen. 2019 war et fir déi éischte Kéier esou wäit, déi éischt TV Serie ass op Netflix gelant. A mam Henry Cavill hu se zousätzlech ee mega Choix getraff, deen den Hexer soll spillen.
Déi éischt Staffel soll awer net op de Videospiller baséieren, mee op de Comics déi genau sou beléift si wéi d'Spill. Bei dëse goufen dann och vill Referenzen zum Spill gemaach oder zu Karakteren déi an der Serie net virkomm sinn.
Mat der Staffel 2 a 16 Episoden hunn si den éischte Stee gesat fir ee ganzt Universum ze erschafen dat parallel zum Spill an de Bicher lafe soll an déi och nach weider Spinoffs solle kréien. Nach dëst Joer soll eng nei Serie komme mam Titel "The Witcher Blood Origin". Den éischten Trailer ass elo vun Netflix lancéiert ginn.
An obwuel et schonn een Teaser Trailer gouf virun e puer Méint, huet dësen neien Trailer net vill méi verroden wéi den éischten. Also gëtt et och net vill méi ze soen, mir si gespaant wat kënnt!