Et huet net laang gedauert, mee et ass verlaangt ginn a Kojima liwwert.
Mir hunn schonn alleguer vum fantastesche Spill Death Stranding héieren.
Déi éischt Presentatioun war 2016 op der E3 an huet do scho fir Opreegung gesuergt.
Den 8 November 2019 war et dunn esou wäit!
Exklusiv ass d’Spill fir d'Playsation 4 erauskomm an huet Auszeechnungen ofgeraumt.
A scho gouf et déi éischt Rumeuren, dass Hideo Kojima schonn un engem neie Projet schaffen géif.
Dir spillt den Protagonist Sam, deen an enger zerstéckelter apokalyptescher Welt den Livreur spillt.
D’Mënschheet ass verstreet op dëser Welt an ären Job ass et, noutwendeg Ressourcen un déi verschidde Plazen ze bréngen.
Dobäi ass d’Zil och déi isoléiert Societéit erëm mat eneen ze verbannen.
Eng Hand voll Journaliste soen awer nach bis haut, dass d’Story kee Sënn ergëtt, an wann ee sech d’Argumenter ulauschtert, ass do schonn eng kléng Wouerecht dran.
Trotzdeem ass et ee richteg gutt Spill, wat eng cool Story erzielt.
D'lescht Woch ass den 2. Deel mat engem neien Trailer confirméiert ginn.
Et gesäit net nëmme fantastesch aus, mee och immens spannend.
Wéi am Virgänger gesi mir ee Puppelchen, mee ech denken, datt et net dee selwechten ass wéi am éischten Deel.
Vill méi ass leider och net gewosst.
Kënnt et nach d'nächst Joer eraus? Ech denken net, well vun der E3 Presentatioun bis zum Release ware schonn 3 Joer vergaangen.