Neit City Building Spill, mee wat mécht et sou besonnesch?
City Builder Spiller hunn an der Reegel ëmmer dat nämmlecht Thema...
Entweder spillt et an der Vergaangenheet, Present oder an der Zukunft.
A verschiddener si méi komplex ewéi anerer.
Wann een eent gespillt huet, huet een déi meescht gespillt...
Et ginn nëmmen e wéineg där Spiller, déi mat neie Funktiounen oder Variabelen erausstiechen.
Dat wäert sech elo mat dem Nächsten Spill änneren!
Aquatico
Am Spill ass d’Surface vun eisem Planéit onbewunnbar ginn an d’Mënschheet flücht op de Buedem vum Mier.
Do ass et mol Zil stream a fléissend Waasser ze bréngen a mir mussen och Liewensmëttel ubaue fir dass mir eisen Awunner och eppes z'iessen kennen ginn.
Wat awer ganz interessant ass, ass dat NPC eng KI soll hunn, déi speziell Wënsch äussert.
Wéi zum Beispill datt si léiwer méi Variatioun hätte beim Iessen an och méi Surface Feeling.
D’NPC’s kommen do op d’Welt, maachen hir Schoul do an liewe vun ufangs bis zum Schluss.
Ressourcen ginn et och e puer um Buedem ze sammelen, mee och ënnerierdesch kann een eppes fanne wat dozou féiert, dass een an d’Technologie investéieren muss.
An och an d'Hierstellung vun verschiddenen Produiten wie bei Factorio.
D’Spill heescht Aquatico a verbënnt vill Aspekter, déi verschidde Spiller grouss gemaach hunn an huet se weider ausgebaut.
Am Januar soll et eraus kommen.