E Film iwwert ee Spill? Wéi vill Adaptioune kann een do scho maachen?

Lauschtert Hei !

Den Hideo Kojima huet 2020 säi Meeschterwierk u Spil, "Death Stranding", erausbruecht.
D’Spill huet sech richteg gutt verkaf, esou gutt, dass elo schonn den nächsten Deel, nämlech d'Fortsetzung, an der Maach soll sinn.

Zanter laangem spillt hie mam Gedanken aus sengem Spill ee Film ze maachen, mee hie seet, datt de Problem bei der Gaming- a Film-Industrie géif leien. Dëst wär nämlech net esou einfach ëmzesetzen an deem Genre. D'Auteure wéilten dacks net ze wäit fort vum Spill-Konzept u sech goen, wärend déi aus der Film-Industrie, sech gäre méi kreativ Fräiheete wéilten erlaben.

Ma genee dat wär kee Problem fir den Hideo Kojima, hie wéilt dëst nämlech änneren an deem s hien e méi artisteschen Aspekt ustrieft. Dobäi ass d'Dréibuch net mol onbedéngt mam Spill verbonne mee bitt d’Méiglechkeet eng nei Story ze schreiwen.

Fir dëse Projet ze realiséieren huet den Hideo Kojima laang no engem Produzent gesicht an ass op den Alex Lebovici gestouss.

Och vun engem net ëmgesate Projet ass riets, ee Kuerzfilm iwwer "Death Stranding", dee wéinst der Pandemie ni zustane komm wär.

D0Skript gëtt et awer nach a wäert och nach seng Plaz am Film fannen, esou de Spill-Entwéckler.

Nach ass net bekannt wéini dat ganz uleeft oder rauskënnt, mee den Hideo Kojima wierkt emol motivéiert.