
Screenshot / © Netflix
Et ass schwéier sech virzestellen, mee et ass esou. Wat ass dann do lo eigentlech genau lass?
D'Staffel 3 vun The Witcher soll déi lescht mam Henry Cavill sinn.
An dat mécht d’Fans traureg.
Dofir huet sech de Showrunner fir den Henry ee stilvolle Schluss iwwerluecht.
D'Lauren Hissrich huet awer erkläert, dass d'Staffel 3 net express fir hie geschriwwe ginn ass, mee si hu sech vum Roman vum Auteur Andrzej Sapkowski, Time of Contempt inspiréiere gelooss.
Dobäi soll dat 4. Buch perfekt an d’Story passen.
Fir déi nei Staffel soll den Gerald manner neutral sinn, mee méi opp fir alles ze maache fir Ciri ze retten.
Seng Neutralitéit op ze ginn ass dat Heroeschst, wat den Gerald als Figur maache kann a soll e perfekt Enn si fir den Henry.
Fir d'Staffel 4 soll de Liam Hemsworth kommen, deen et och schwéier wäert hunn, well déi schwéierste Kritiker sinn net d'Produzentem, mee d’Fans.
An trotzdeem denken ech, datt hie Potenzial huet.
Säi Brudder huet zum Beispill och ee fiktive Charakter richteg gutt duergestallt.
Hunn ech vergiess ze soen, datt de Chris Hemsworth säi Brudder ass?
Jo! Den Gerald an den Thor si Bridder.
Wien hätt dat geduecht?
Den Henry Cavill huet erkläert, datt hie géing zerécktrieden als Gerald, well hien erëm un engem Superman-Film muss schaffen.
D'Staffel 3 soll nach 2023 eraus kommen.