E Redditor huet sech un d'Wierk gemaach fir dem Visionär am Rallye-Sport Respekt ze erweisen no sengem trageschen Dout.

Ugangs vum Joer ass de Ken Block bei engem Accident mat engem Schnéimobil ëm d'Liewe komm.De Ken Block war nieft senger Karriär als Rallye-Fuerer och fir seng zuelräich, spektakulär Drift-Videoen op Youtube bekannt an huet a verschiddene Videospiller matgespillt. Deemno huet hien net just an der Rally-Zeen e grousst Lach hannerloosse mee och an der Gaming-Community. Esou zum Beispill bei Fans vun der Drift-Rei, hei kommen och Autoe vum Ken Block dra vir an Erklär-Momenter vum Block selwer, an deenen hien de Gamer bäibréngt wéi ee richteg drift.

Fans hu sech decidéiert en reproduzéieren Drift a GTA5 Video zesummen ze stelle vum Ken Block senge beschte Stuns.
Hei si Stunts dobäi wou hien ënnert engem Auto drift, wou hien Hoonitrucks fiert an och ronderëm aner Gefierer drift, esou zum Beispill mat engem Hoonicorn V2.

Den ganze Video ass am Gymkahna-Stil gedréint a geschnidde gi wat ee coolen Tribut fir de Ken Block ass.

Kuckt Hei !

An der Drift-, Rallye- an Tuning-Zeen wäert hien als Legend an Erënnerung bleiwen, ma och bei de Gamer wäert hien onstierflech sinn
Duerch hie si modern Rallyespiller och sou gutt gi an och beléift bei klengen a grousse Fans, a seng Faszinatioun wäert wuel och weiderhi Leit ronderëm d'Welt begeeschteren.