Seele geschitt esou eppes Grousses, datt ee Leaker ganz Spiller un d'Ëffentlechkeet bréngt. Ma wann et geschitt da brennt de Bam!

Et ass geschitt, dat Onwarscheinlechste wat bei Steam hätt kënne passéieren, ass tatsächlech geschitt!
Nee, net "Half Life 3" well wann dat wierklech Realitéit gëtt, Gott weess wat da geschéie géif. Et gouf e Leak!

De "Leakerwanderer", deen hannert besoter onwarscheinlecher Aktioun stécht, hat säit 2016 d’Source Code fir Portal, Counter Strike Source, Day of Defeat: Source, Half Life 2 Episode 1 an 2, Half Life multiplayer an Team Fortress 2.
An am Ganze sinn 61 GB geleakt gi.

Dodrënner sinn net nëmmen d'Source Engine op déi di Spiller baséieren, mee och d'3D Modeller, déi an den aktuelle Spiller dra sinn, wéi zum Beispill Portalturd aus dem Spill Portal.

Et erkennt een och, datt d'Entwéckler un neien Saachen experimentéiert hunn, wéi zum Beispill nei Maps, nei Figuren, nei Waffen an och nei Items.

Souguer Maps déi aus anere Spiller komme fannen sech mat neie Modeller an den Dateie rëm.
An esouguer de Spillmodus Raid Mode, deen deemools annuléiert gouf, fënnt sech hei erëm.
Esouguer Kokosnoss Source Datei ass rëm fonnt gi, wat zimmlech bizar ass.

Et sinn esou vill Saachen, déi an den éischte Stonnen entdeckt gi sinn an dëst ass just e Brochdeel vun deem wat nach ze entdecken ass.
Net nëmme fënnt een Texturen oder nei Maps, mee och assets déi mat grousser Warscheinlechkeet spéider als mod ze fanne sinn.

Dass awer net alles schéin, well wat schnell festgestallt ginn ass, ass, dass d'Spill warscheinlech keng nei Updates kritt.
De Grond fir déi Vermutung: All déi Saachen, déi mir lo opgezielt hunn an nach méi, si vun 2015 wat dorop hindeit, dass et näischt méi Aktuelles wéi dat bei Valve ze fanne gëtt.

Warscheinlech ass et de leschte grousse Release dee mir jeemools fir TF2 wäerte gesinn, och wann et net offiziell oder gewollt ass.