Wat kann ee sech dorënner virstellen a funktionéiert d'Konzept och schonn haut?

Lauschtert Hei !

Wéi stellt dir iech de Büro vun der Zukunft vir?
Villäicht soll et sech hei ëm Augmented Reality handelen, déi eis méi Infoen zouspillt ouni dobäi de Fokus vun der Ëmgéigend ze verléieren?
Oder sinn et souguer guer keng reell Büroen, mee se befanne sech an der virtueller Realitéit?

Interessant kléngt et jo, wann ee vun doheem aus kéint schaffen a sech awer genee esou virkomme wéi um Büro.
De Patron misst keng 3 Bildschiermer méi kafen, well ee se an VR virtuell duerstelle kann.
Et wier och net méi neidesch Büroen, wou sech Aarbechter fir d'Meetingen treffen, ze leasen.
Da kéint ee jo souguer a Meetingen an der Metaverse u Projete schaffen oder aktiv Modelle kreéieren ouni se a Realitéit tatsächlech hierzestellen.

D'Méiglechkeete wären deemno onendlech mee si mir wierklech prett dofir ? Elo si Resultater vun enger Rëtsch Amerikaneschen an Asiatesche Firmen erauskomm, déi dat Ganzt probéiert haten. Wie sech elo positiv Erfarungen erwaart, muss seng Virstellungen awer e bësse bremsen.

Vill Leit vum Personal hate "Motion Sickness" beschriwwe wa si an der virtueller Realitéit geschafft hunn.
Wann et esou wäit komm ass. Verschidde Mataarbechter haten nämlech Schwieregkeeten iwwerhaapt mol sech anzelogge well se d'Technik net verstanen hunn.

Eppes wat an Asien méi oft virkomm ass, ass dat d’Internet Verbindunge vill ze schlecht ware fir eng stabil Verbindung op ze bauen.

Vill Problemer goufen et och bei der Upassung an dem Zesummesetze vu Programmer, déi d'Firme brauchen, an der VR.
Am groussen Ganze waren och Problemer a Meetingen duerch d’Metaverse, déi den Mark Zuckerberg erschaf huet.

De Beweis dofir, dass de Programm nach net bürotauglech ass.