
© FNTASTIC
Dat meescht gefrote Spill op Steam verschwënnt ouni Spuer a Virwarnung, wat ass do geschitt ?
Fantastic schafft säit laanger Zäit un engem neie Spill mam Titel "The Day Before", een Zombie Openworld Survival-Spill wouriwwer näischt bekannt ass.
Esou wéineg, dass net emol ech eppes dovu mat kritt hunn.
Et hätt sollten den den 1 Mäerz eraus kommen an et ass mat vill Spannung drop gewaart ginn.
Et war souguer Nummer 1 bei der Steam Wishlist. Freet ee sech firwat well ausser e puer Biller war näischt bekannt.
Souguer am Discord Q&A war net vill eraus ze fannen, kéint ee soen dass d’Mysterium iwwert d’Spill et och sou spannend gemaach huet.
Ma firwat ass et dann elo eigentlech vum 1 Mäerz op den 10 November verréckelt ginn ?
Den 19 Januar krute si eng Plainte vun engem Affekot, dass si Trademark Fraude begaangen hunn.
Dat wëll heeschen, dass si een Titel benotzt hunn deen hinnen net gehéiert, well eng aner Partei deen Numm scho geschützt huet.
Kuckt Hei !
Leider war et dem Entwéckler Studio Fantastic an de Studio Mytona, deen et finanzéiert huet ni opgefall. Obwuel si dat anscheinend kontrolléiert haten.
Et ass awer nach net kloer ob d'Plainte eescht ass oder ob et nëmmen eng Bedruchsmasch kéint sinn.
De Studio seet zum Beispill, dass et scho méi laang geplangt war de Release Datum ze verleeën, well si hirer Meenung no nach net fërderlech sinn.
Et ass geplangt, dass d'Spill vum 10 November u fir de PC soll disponibel sinn, da si mer mol gespaant.