Virun engem Joer gouf Starlink mat engem Trailer ugekënnegt. Elo huet e Fan dann eppes Spannendes erausfonnt.

Lauschtert Hei !

Bethesda Softworks ass bekannt fir Spiller wéi SkyrimFallout 3Fallout 4 oder och Oblivion.

Am Juni 2022 hunn si en neit Spill mam Numm Starlink virgestallt. En Titel, dee bei de Fans vun der Entreprise scho mat Spannung erwaart gëtt. Virun allem soll een am Spill eng Rëtsch impressionant Welten entdecke kënnen. Am Spill Starlink gëtt een op e Planéit geschéckt, op deem eis Basis vu Weltraum-Piraten ageholl gouf. Donieft reest een och an d' Haaptstad, déi sech Nei Atlantis nennt a souwuel komplex wéi och wonnerschéin ausgesäit.

Am Spill kënne mir och eist Raumschëff selwer bauen an d'Crew auswielen, déi eis begleet. Dës kann ee wärend dem Spill och erweidere fir weider Planéiten ze entdecken. Am Trailer gouf et dann och e kuerzen Abléck, wat een am Spill alles maache kann, wéi zum Beispill Weltraumschluechten.

Elo ass engem Fan dann eppes wärend dem Kampf géint e Weltraum-Pirat opgefall. An zwar daucht do kuerz ee Popup op, deen eis d'Méiglechkeet gëtt, aner NPC's ze beklauen, sou wéi och schonn am Spill Oblivion. D’Fans stellen sech elo d’Fro, wat ee mat dëser Funktioun nach alles esou maache kann. Et ass een opschiddefall gespaant a kann de Release kaum ofwaarden.