Eng Plattform, déi fir Streamers a Leit gemaach ass, déi no Lëtzebuergesche Streamer sichen.

Lauschtert Hei !

Als Streamer zu Lëtzebuerg hu mir e puer Schwieregkeeten. Den éischte Problem ass, dass d'Land ze kléng ass. Dann ass et esou, dass vill bekannt Streamer aus den Nopeschlänner wéi Däitschland oder Frankräich kommen. A seele kënnt et vir, dass ee Lëtzebuerger sech doduerch setzt. Awer och als Zuschauer ass et schwiereg, een Iwwerbléck ze behalen, wat et u Streamer hei am Land gëtt.

Et feelt net un Talent oder Nofro, mee un Iwwersiicht. An do kommen d'Jonge vu Streamers.lu an d'Spill.

Ech hu mir de Luc, de Luca an de Laurent gepaakt a mat hinne vill geschwat. Vill Spaass hat ech mat hinnen, fir iwwert déi verschiddensten Theme kënnen ze schwätzen. Mee eng Fro huet mech am meeschten interesséiert...

Lauschtert hei den Interview mam Luc

D'Konzept kléngt net nëmme gutt, mee et schéngt och ze klappen. Si hunn net nëmmen zum aktuellen Zäitpunkt 74 Streamers, wouvunner der 61 aktiv sinn. Zesummen hunn d'Streamers iwwert 3.743 Klicks generéiert an engem Zäitraum vun 3.692 Stonnen. Fir Lëtzebuergesch Verhältnisser ass dat ganz gutt.

Mee wéi sinn d'Jongen op déi Iddi komm?

Lauschtert hei den Interview vum Luca

Mee dat ass net alles. Ausser dass se den Zuschauer an de Streamer hëllefe sech ze fannen, kritt een och genau Statistike wéini, wéi vill Streamer do sinn, an et kann ee sech drop upassen. Wéi et schéngt ass Donneschde owes um 8 Auer de beléifsten Dag fir ze streamen.

A si bidden nach vill weider Saachen un. A wat soll dat Ganzt kaschten?

Lauschtert hei den Interview mam Laurent

Perséinlech fannen ech et ee coole Projet, deen nach weist wéi wichteg et ass, dem Lëtzebuergesche Streamer ee Boost ze ginn, an och wat et kann alles änneren. Net nëmme fir de Streamer, mee och de Viewer.