
© Image Screenshot https://stadia.google.com/gg/
Den 18. Januar 2023 ass Stadia offiziell vu Google annuléiert ginn, mee firwat ass dat esou?
Google ass jo bekannt, vill Geld an nei Technologien ze stiechen, Stadia war eng vun dësen Technologien. Stadia ass 2019 als Gamestreaming-Plattform lancéiert ginn. Wat grad esou interessant war, ass seng gënschteg Streaming-Plattform, déi Google net misst nei erfannen.
Stadia baséiert op der Youtube-Plattform a konnt duerch wéineg Ännerunge 4K,HDR a 60 FPS streamen. Dëst ass schwiereg ëmzesetzen, mee duerch d’Experienz mat Youtube sinn se jo Expert. Fir Stadia ze notzen, huet een nëmmen ee Chromecast Ultra an ee Kontroller gebraucht.
Mat 10€ ass Stadia souguer méi bëlleg wéi Xbox Cloud Gaming, mee dee vun Xbox brauch nëmmen ee Kontroller, vun do aus kann een da vun egal wou spillen.
Mir sprange mol op 2022, wou Google decidéiert huet Stadia ze annuléieren. Weder vun der Säit vu Google nach vu Stadia goufen et genau Grënn firwat - bis elo. Eng Etüd vun der CMA huet erausfonnt, wéi et wierklech mam Marché steet.
2021 huet et ausgesinn, wéi wann Stadia mol knapps 5-10% besat huet vum ganze Marché, mee Xbox Cloud Gaming, déi do och lancéiert ginn ass, war bei 20-30%. 2022 huet Google Stadia an Amazon Luna déi 10% sech gedeelt an Xbox war bei 60-70%.
Et kann ee bei Xbox scho vun engem Monopol schwätzen. Dobäi ass awer ee Feeler geschitt bei CMA. Wéi si dës Etüd lancéiert hunn, hunn se ongewollt Playstation Plus a Playstation Now User duebel gezielt, well vill Leit béides besëtzen.
Nei Zuele schwätze vu bis zu 80% Marché Undeel, eleng nëmme fir Microsoft, wat vill ass, a wéi Google dat Ufanks 2022 matkrut huet, hunn se decidéiert dat Ganzt ze annuléiere wéi nach weider Suen eran ze investéieren.