
© Mundfish
Es ass eng extrem Reaktioun op en neit, populäert Spill, mee sinn d´Uschëllegungen och gerecht?
Atomic Heart ass lo endlech raus.
De Style huet eppes vu Steampunk a spillt an der Zäit vu der UDSSR aus der Zukunft, d’Mënschheet ass kuerz virun der maschineller Revolutioun.
Mee eppes schéngt net ze stëmmen, dir als Geheimagent musst der Spuer op de Grond goen.
Op Steam sinn d'Bewäertunge bei 89% positiv, wat fir esou een neit Spill ganz gutt ass.
An esouguer Kritiker luewen d’Spill, bei Metacritic krit d’spill souguer 77/100.
Wien et net sou lueft ass de Minister vun der digitaler Transformatioun aus der Ukrain.
Mundfish huet d’Spill entwéckelt an ass och aus Russland.
Dem Minister no ginn et awer och Verbindunge mam russesche Gouvernement an och Gazprom, enger Firma, déi Fossil Energie fuerdert.
Den Ukrainesche Minister fäert, datt d’Suen déi beim Verkaf vum Spill generéiert ginn, och erëm an de Krich kéinte fléisse fir géint d’Ukrain ze kämpfen.
Dofir freet de Minister bei Microsoft, Valve a Sony fir de Verkaf vum Spill an der Ukrain gänzlech ze stoppen.
Mee dëst soll net alles sinn, si froen och fir d'Spill weltwäit ze limitéiere wat de Verkaf ugeet.
Zur Verdeedegung huet Mundfish, Entwéckler vun Atomic Heart erkläert, datt d’Spill duerch Kreditter vu Banke finanzéiert sinn an datt si och ni deklaréiert hunn, datt si hannert dem Putin stinn.
Mundfish huet och erkläert, datt si Pro-Fridden a géint Gewalt un aner Mënsche sinn, awer si hu sech och net zum Krich an der Ukrain geäussert.