Fir d'Fans vun der Anime Serie "Chainsaw Man" ginn et gutt News a Verbindung mam Spill "Goddess of Victory: Nikke".

Lauschtert Hei !

Goddess of Victory: Nikke ass ee mega Hit, d'Spill ass fir d’Handyen erauskomm.
A mat 25 Milliounen Downloads ass et impressionant, wéi vill Leit et spillen.

Wat een dobäi bedenke muss, ass, dass d’Spill och eréischt am November 2022 eraus komm ass.

Dat Ganzt ass elo och fir de PC annoncéiert ginn, wou den Hype och ze verstoen ass.
Elo sollen nach weider Charakter dobäi kommen, an zwar aus der Hit Serie "Chainsaw Man".

Dobäi ass och een Trailer verëffentlecht gi wou een den Denji, Aki, Himeno an d’Power gesäit.

An der Serie geet et dorëms, datt Dämonen eis Welt onsécher maachen, dobäi ass eng Organisatioun entstanen, déi si "Dämone Jäger" nennen.
Hier Aarbecht ass, wéi den Numm et seet, Dämonen ze joen a platt ze maachen.

D’Spill ass ee Third Person Shooter a spillt an enger düsterer, apokalyptescher Welt, déi vun Aliens attackéiert gëtt.
Dobäi gëtt et och nach ee Plot twist, deen d’Story oppeppe soll.

D’Spillmechanik léisst iech hannert der Deckung schéissen, fir schrëttweis virun ze kommen.
Dobäi ginn et cool Funktiounen, déi de Spiller direkt ducke léisst, esoubal d’Magasinn eidel ass.
Soumat ass et och frëndlech fir nei Spiller.

D’Spill ass zënter dem 15. Februar eraus fir de PC an ass definitiv ze conseilléieren, virun allem wëll et gratis ass.

Kuckt Hei !