D'Tech Industry ass haart ëmkämpft, mee wat geschitt wann déi zwee gréisste Konsolen-Hiersteller sech ëm een eenzegen Publisher streiden?
Zënter e puer Méint probéiert Microsoft, Activision op ze kafen.
Mee et gëlle Gesetzer déi d'Konkurrenz an de Marché schütze solle viru grousse Firmen, déi ee Monopol ze baue versichen oder esouguer der Konkurrenz Produkter aktiv ze verschlechteren.
Zum Beispill wa Microsoft verbidde géif, Google Chrome op Windows PC z'installéiere wier dëst illegal.
A soe mir mol sou, et ass net esou, wéi wa Microsoft dëst och ni gemaach hätt.
Microsoft huet et an der Vergaangenheet net erlaabt, op alle PCs, déi mat Windows gelaf sinn, aner Internet-Browseren ze benotze wéi den Internet Explorer.
Zum Kaf vun Activision gehéiere 68,7 Milliarden USD, wat net grad wéineg ass an och riskéiert.
Dës stéiert Microsoft net, well si wësse wéi vill si déi nächst Joer domat verdénge kennen.
Sony weess dat och a well och vermeiden, dass hire gréisste Konkurrent de gréisste Videospill-Publisher opkeeft.
Dofir hëllt Sony Microsoft weltwäit op d'Geriicht a wëll dee Kaf vermeiden.
Sony well vermeiden, dass Spiller wéi Call of Duty an Zukunft express op der Playstation méi schlecht gemaach ginn, fir dass Gamer dann Xbox duerch hier besser Performance preferéieren.
Oder méi schlëmm, keng Lizenz zum Verkaf vum Spill allgemeng.
Mee dëst ass net alles, Call of Duty leeft och op aner Plattforme wéi Nintendo oder esouguer Nvidia.
Wann déi Plattformen och keng Lizenze méi kréien, dann ass Microsoft an Zukunft den eenzegen, dee Call of Duty verkafe kéint.