
Ee Spill wat d’Spillmechanik, de Grondprinzip an den Design aus 3 verschiddene Spiller kombinéiert.
Déi lescht Joer sinn d'Life Simulators oder d'Manager extrem populär ginn.
Mat Spiller wéi Sims oder Animal Crossing sinn déi lescht Joer Rekorder gestallt ginn.
Sims ass beléift fir seng kreativ Geschichten a permanent cool Updates wéi Coiffer, Aarbecht an och Puppelcher ze erzéien.
Animal Crossing duerch seng cool a licht verdaulech Welt, déi een einfach genéisse kann.
Mee wéi wier et mat eppes Neies, an zwar dem neie Spill "Go Go Town".
Ee Spill, wat guer keen Interface huet an och keng Gott-änlech Fäegkeeten oder Vue.
Einfach ee klassescht Life Manager Spill.
Am Spill kënnt dir d'Gebaier bauen déi modern Pastelfaarwen hunn, Holz fällen, fëschen an an de Minne schaffen.
Wat d’Spill sou besonnesch mécht ass et ze automatiséiere wéi am Spill Factorio, mee amplaz Maschinne sinn et Duerfbewunner, déi d’Aarbecht maache sollen.
Dobäi kann een eng Ekonomie erschafe mat enger einfacher Logistik.
D’Spill ass eng Mëschung vu ville Spiller a verbënnt se mat engem gemittlechen a coolen Design.
An nach villes méi.
Nach ass d’Spill net disponibel an et gëtt och nach keen Datum.
Mee ech denken dat et derwäert ass d’Spill an d’Wonschlëscht ze setzen op Steam.