
© Youtube Screenshot
D'Fans vun der PlayStation, déi aktuell vum PlayStation-Plus Abo profitéieren, wäerten an Zukunft méi déif an d'Täsch gräife mussen...an zwar e gutt Séck méi déif.
Wéi Sony an engem aktuelle Post matgedeelt huet, adaptéieren si hir Präisser ab September folgendermoossen:
- De Basis Abo "PS Plus Essential" klëmmt vun 59.99 EUR op 71,99 EUR
- De mëttleren Abo "PS Plus Extra" klëmmt vun 99.99 EUR op 125.99 EUR
- De Luxus Abo "PS Plus Premium" klëmmt vun 119.99 EUR op 151.99 EUR
Domadder ass de mëttleren "Extra"-Abo elo scho méi deier wéi virdrun de "Premium"-Abo war. Wien elo mengt, Sony géif de Spiller dofir elo nach e puer Klengegkeeten extra dobäi ginn, iert sech: d'Abonementer bleiwe genee d'selwecht. Besonnesch de Luxus Abo "Premium" gouf säit dem Release vill kritiséiert, well och fir déi 20 EUR déi ee méi bezilt, kritt een net aussergewéinlech vill ugebueden an de Klassiker-Katalog ass bis haut zimmlech dënn. Et kann een also dovunner ausgoen, dass vill Leit hiert Abo elo wäerte wiessele fir e bësse Suen ze spueren.