Et ass nach net laang hier, dass mir doriwwer bericht hunn, dass nom grotteschlecht "Gollum"-Spill den Entwéckler-Studio seng Dieren huet missen zoumaachen. Liest méi doriwwer hei:

Déi traureg Leeschtung muss sech d'Spill elo mat engem aneren Titel deelen: "Saints Row" (2022). De Sequel vun der populärer Videospill-Serie aus de Joren 2006-2015 war scho beim Release net gutt ukomm: technesch Problemer, eng oninteressant Geschicht a virun allem eng gezwonge wierkend Representatioun vun der "Social Justice"-Ideologie hunn dofir gesuergt, dass d'Spill gefloppt ass.

RTL

Déi nei Interpretatioun vu "Saints Row" ass net gutt ukomm… / © Youtube Screenshot

D'Resultat dovunner ass, dass den Entwéckler-Studio "Volition" elo op hirer LinkedIn Säit en Update publizéiert huet, an dem si erklären, dass och si hir Diere mussen zoumaachen.

RTL

"Volition" muss no iwwer 30 Joer seng Dieren zou maachen… / © Youtube Screenshot

Engem Artikel vun "twistedvoxel.com" no kéint d'Schold un dem ganzen Desaster allerdéngs net bei Volition selwer leien, mee beim Publisher "Deep Silver". Dem Artikel no sollt den neien "Saints Row" am Fong erëm méi no un de beléiften "Saints Row 2" kommen. "Deep Silver" huet dunn awer drop bestanen, dass dat neit Spill méi lëschteg sollt ginn an eben aktuell Sujete misst uschwätzen. All déi Entwéckler, déi elo bei "Volition" hir Plaz verluer hunn, soe sécher Merci fir déi brillant Iddi.