De Summer ass eriwwer, den Hierscht ass do a mir wëssen all wat dat bedeit: d'Joreszäit vum Grujel, de Geeschter a Gespenster kënnt lues a lues méi no. Fir vill Leit ass déi ganz Period, déi natierlech an Halloween cumuléiert, déi flottsten Zäit am Joer. Esou och fir d'Leit vu "Feardemics", déi dëst Joer rëm hiert "Fear Fest" ofgehalen hunn an Dose vun neien Trailere fir zukünfteg Horror-Spiller presentéiert hunn. Déi Bescht dovunner wëlle mir iech net virenthalen!

Unfollow

"Unfollow" ass en Horror-Spill, mat enger méi aussergewéinlecher Geschicht: d'Spill soll déi psychologesch Follgen, déi Online Abus an d'Sozial Netzwierker op d'Psych vun engem Mënsch kënnen hunn, duerstellen. Wéi een am Trailer gesäit wäert et zimmlech grujeleg hiergoen, an awer ass et gutt ze gesinn, dass e Spill mol eppes aneres ausprobéiert amplaz ëmmer Zombien oder Geeschter. Maach dir hei selwer e Bild vun "Unfollow":

A.I.L.A.

2023 wier keen Horror-Festival méi wann net iergendeppes eppes mat A.I. ze dinn hätt. Et schéngt, wéi wann vill Mënschen haut méi virun engem Computer fäerten, deen ausser Kontroll geréit, wéi virun engem Zombie-Virus oder Änlechem. Bei "A.I.L.A." wäert et ëm esou eng kënschtlech Intelligenz goen. Dat Ganzt schéngt dann och nawell zimmlech brutal ze ginn. Den Trailer ass näischt fir schwaach Nerven:

Ad Infinitum


Och den Entwéckler-Studio "Hekate" probéiert eppes wat een nach net esou oft gesinn huet. En First-Person-Horror-Shooter am éischte Weltkrich. An firwat och net? D'Tranchë vun Europa bidden sech sécherlech un fir esou munchen Albdram, mee d'Spill wäert net komplett un der Front spillen. Wéi een am Trailer gesäit, gëtt een och mat de Visioune vum Protagonist, nodeems de Krich eriwwer ass, konfrontéiert. Ob dat Ganzt eng Uspillung op PTSD soll sinn, oder ob méi dohannert stécht, kann een ab dem 14. September rausfannen!

Gori: Cuddyl Carnage


Fir engem "Gori: Cuddly Carnage" ze beschreiwen ass zimmlech schwéier. Stëllt iech fir d'Kaz aus "Stray" wier an engem Neons-Horror Spill gelant, hätt sech e bësse vum Gameplay vun "Devil May Cry" ofgekuckt an dobäi nach geléiert, Skateboard ze fueren. Kléngt verréckt? Ass et och! Ob dat Spill elo wierklech "grujeleg" ass, sief an de Raum gestallt - eenzegaarteg ass et op alle Fall! Kuckt iech den Trailer hei selwer un:

Reveil


Fir déi, déi manner op "Monster" a méi op "Mystery" stinn, gouf et "Reveil" ze gesinn. Dobäi handelt et sech ëm en "narrativen First-Person Psycho-Triller", wanns du dir eppes dorënner kanns virstellen. Dat Ganzt schéngt allerdéngs méi traditionell ofzelafen a méi op d'Atmosphären ze setzen, amplaz ee mat iergendwellechen Onwiesen ze konfrontéieren. Den Trailer léist engem och mat Momenter Erënnerungen un "P.T." an de Kapp kommen. Maacht iech hei e Bild vu "Reveil":

Nazralath: the fallen World


Du kriss einfach net genuch vu Spiller wéi "Elden Ring"? Da kéint "Nazralath" genee dat richtegt fir dech sinn. D'Horror-RPG Spill, dat sech ganz kloer un den Titele vu "FromSoftware" inspiréiert huet, gesäit op alle Fall mol interessant aus. Besonnesch den Design, deen sech op d'Wierker vum polnesche Kënschtler Zdzislaw Beksinski baséiert, gëtt dem Spill eng aussergewéinlech Atmosphären. En Release Datum ass leider nach net bekannt.