Kléngt dono wéi wann sech ee Youtuber ee Witz erlaabt huet. Déi Idee ass vum Entwéckler Studio Bethesta komm !
Wéi Wikipedia et net besser beschreift, ass eng Parodie eng Verzerrung, Iwwerdreiwung oder verspott Versioun vun engem Wierk. Menger Meenung no ass et niewent sech selwer op d’Schëpp huelen de beschten Humor.
Zum Beispill Shrek, Familie Guy, Scary Movie oder MegaMind - alles Filmer déi een net soll eescht huelen.
Mee wat ass wann ee Parodien a Witzer iwwert sech selwer rappen, zesumme kombinéiert? Et entsteet eppes Wonnerschéines!
Dat huet sech och Bethesta geduecht déi virun e puer Woche Starfield lancéiert hunn. Duerch déi Bugs, déi bei all neiem Spill optauchen, si Memes entstanen, déi nëmme Starfield Spiller verstinn.

Dëst huet Bethesta anscheinend gutt fonnt, an sech mat engem Youtube Animateur zesumme gesat an eng fantastesch Parodie an d’Liewe geruff.
De Joel Haver ass bekannt fir seng Witzeg Sketcher an Animatiounen, an deenen hien an och seng Kolleegen dra virkommen. An der Parodie geet et haaptsächlech dorëms wéi NPC sech kéinte verhalen oder wonnere wat mat den Haaptspiller lass ass, wann en sech grad fir puer Stonnen hileet, oder wéi mir dat nennen ausloggen. Oder firwat mir komesch Saache sammele wéi zum Beispill Hausplanzen. Dobäi kënnt et och zu witzege Begéinunge mat NPC déi däi Schëff wëlle klauen, mee waarde musse bis de Spiller sech erëm aloggt, nodeems se een Deeg-laang verfollegt hunn. Et kéint ee soen dat se respektvoll sinn... oder sou ongeféier.