
© Youtube Screenshot
Wéi mir scho viru Kuerzem bericht haten, ginn esou lues Rumeuren iwwer eng "Switch 2" ronderëm. Liest méi doriwwer hei:
https://www.eldo.lu/radio/highscore/a/125198.html
Engem Bericht vun "Eurogamer.com" no soll d'Entwécklung vun der neier Nintendo Konsol awer anscheinend scho méi wäit sinn, wéi een um Ufank geduecht huet. Sou wäit, dass op der Gamescom, déi elo viru Kuerzem war, anscheinend eng geheim Presentatioun gemaach gouf. Eurogamer hire Sourcen no, gouf verschidden Entwéckler op der Presentatioun déi nei Hardware an hir Fäegkeete gewisen. De Videospill Noriichten Outlet "Videogameschronicle.com" leet dobäi nach een drop a behaapt, hir intern Sourcë géife bestätegen, dass déi nei Switch esouguer d'Tech-Demo "The Matrix Awakens" ofspille kann. Dobäi handelt et sech ëm eng Demo vun der "Unreal Engine 5", déi d'Leit mat hirem Fotorealismus iwwerrascht hat.

D'Matrix Tech-Demo huet d'Kraaft vun der Unreal Engine 5 bewisen… / © Youtube Screenshot
Sollt dat stëmmen, da wier déi nei Switch vun der Power hier wesentlech méi no un den aktuelle Konsole vu Sony a Microsoft. Mee dat gesi mir da wuel, wann bis e puer offiziell Informatioune vun Nintendo dobausse sinn. Esou Noriichte maachen awer op alle Fall Hoffnung.