
© Youtube Screenshot
Säit 1995 gehéiert "Worms" zu de wuel bekanntste Videospiller déi et jee gouf. Quasi all Konsol krut eng nei Versioun vum Kult-Spill spendéiert a mëttlerweil huet d'Serie schonn iwwer 22 Titelen an divers Spin-Offen opweises. Eng Versioun déi et bis elo allerdéngs nach net gouf, ass e klassescht Brietspill. Dat wäert sech allerdéngs elo änneren: an engem neien Trailer huet "Mantic Games" elo hir Adaptatioun vun der Franchise fir de Kichendësch doheem presentéiert.
Wéi een dem Trailer enthuele kann, bleiwen all déi Saachen, déi "Worms" esou populär gemaach hu, bestoen. D'Figure gesi witzeg an deelweis skurril aus, et ginn eng sëllege Waffe mat deenen en se ausrëschte kann an bei deem Ganzen geet natierlech drëms fir ze kucke wien als lescht iwwerliewe kann. Wien et elo kaum erwaarde kann, deem rode mir sech d'Kickstarter-Campagne eng Kéier unzekucken. De Release ass allerdéngs eréischt fir August 2024 ugesat!