
© Youtube Screenshot
Heiansdo freet een sech, wat verschidden Entwéckler duerch de Kapp geet, wann se hir nei Iddi presentéieren. "Lies of P" verbënnt nämlech zwou Saachen, déi op den éischte Bléck awer wierklech guer näischt mateneen ze dinn hunn: en Videospill am "Soulslike"-Genre an déi weltwäit bekannte Kannergeschicht "Pinocchio". Bei esou enger Kombinatioun kéint ee bal mengen, dat kéint net klappen. An awer ass "Lies of P" ee vun de bessere Beispiller, wéi en "FromSoftware" hir bekannte Formel ka kopéieren.

Fans vu "FromSoftware" hire Spiller wäerten sech bei "Lies of P" direkt wéi Doheem fillen! / © Youtube Screenshot
"Soulslike" Spiller ginn et mëttlerweil bal wéi Sand um Mier: "Lords of the Fallen", "Nioh", "Mortal Shell" an esou weider. Déi meescht dovunner ginn enger gewësse Formel no: d'Spiller sinn enorm schwéier a spillen an enger düsterer Atmosphäre, oft an engem Fantasy oder Mëttelalter Setting. "Lies of P" ass do keng Ausnam. D'Spill inspiréiert sech esou staark u senge Virbiller, dass een, wann een déi zwee niefteneen hält, scho bal net méi mierkt wie wien ass.

Wien ass wien? "Lies of P" huet ganz eendeiteg Inspiratiounen… / © Youtube Screenshot
War et dat also? Ass "Lies of P" nëmmen eng "Dark Souls"-Kopie? Net grad, well a verschidden Aspekter ass d’Spill méi ambitiéis wéi seng Kolleegen. Do wier fir unzefänken emol den Design. Jo, "Lies of P" ass och en düstert Spill, dat ass wouer. Mee déi donkel a grujeleg Interpretatioun vum "Pinocchio" huet eppes, wat ee soss néierens fënnt. D'Welt, d'Géigner a virun allem d'Bosser maache wuel Angscht, mee hunn awer eppes Ästhetesches un sech. Et ass ee faszinéiert vum Design, dee Fantasie a Steampunk-Elementer matenee verbënnt. Eng gutt Ofwiesslung zu de Monsteren an Dämonen déi een aus aneren "Soulslike" Spiller kennt.

Den Design vun de Bosser ass en Héichpunkt vu "Lies of P"! / © Youtube Screenshot
Och bei der Story gëtt d'Spill sech méi. "Dark Souls", "Bloodborne" a Kompanie gi gär mol kritiséiert, well hir Geschicht e bëssen abstrus ass, net gutt erzielt gëtt oder einfach net wierklech existéiert. "Lies of P" probéiert och do fir méi ze sinn. Duerch déi dach ganz zolidd 30-40 Stonne begéint een eng sëllege Personnagen (jo, och de Geppetto!), déi alleguerten interessant sinn an dem Pinocchio a senger Missioun, e Mënsch ze ginn, ënnerstëtzen. Passend zu der Geschicht huet d'Spill eng Aart "Moral"-System, bei där de Pinocchio heiansdo entscheede muss, ob en wëll leien oder d'Wourecht soen. Dat Ganzt huet dann och nach en Afloss drop, wéi d'Spill weider geet.

Wourecht oder Ligen? De Choix läit bei iech… / © Youtube Screenshot
En weideren Aspekt, deen "Lies of P" differenzéiert, ass d'Crafting. Sou zimmlech all Waff, déi dir am Spill fannt, kann ausernee geholl an anescht zesummegebaut ginn. Dir hätt gären e Speer mat engem Hummer uewen drop? Kee Problem. Wéi wier et mat enger Kettesee mat engem Katana's Grëff? Och dat ass méiglech. Déi Villzuel u Waffen a Kombinatiounen erméiglecht "Lies of P", de Spiller méi Flexibilitéit ze ginn. Dat kompenséiert dann, dass et hei keng "Klasse" wéi Ritter, Zauberer oder Kämpfer ginn. Des Weidere kann de Pinocchio selwer, als Popp déi en ass, u verschidde Situatiounen ugepasst ginn. Notamment säin Aarm ka mat verschidden Upgrades, wéi enger Aart Bazooka, engem Enterhaken oder aneren taktesche Waffen, ausgerëscht ginn.

Crafting ass ee vun de beschten Elementer vum Spill, an d'Kombinatiounen hu keen Enn! / © Youtube Screenshot
"Lies of P" ass also net nëmmen eng einfach Kopie. Jo, d'Inspiratioune sinn hei eendeiteg, an awer huet d'Spill seng eegen Identitéit. Fir Leit, déi den "Dark Souls"-Blutpegel säit "Elden Ring" am Keller ass, kéint "Lies of P" dofir genau dat richtegt sinn, fir d'Zäit ze iwwerbrécken.