Rezent hate mer jo doriwwer Bericht, dass “Overwatch 2”, den Hero-Shooter vun Activision Blizzard, dat am schlechtste bewäerten't Spill op Steam ass.

Deen Titel ass awer lo un een anere gaangen: “NBA 2K 2024”. Lamentabel 8% positiv Bewäertungen huet d’Spill bis elo erhalen. Wourunner läit dat? Dofir ginn et verschidden Erklärungen.

Wéi all Joer gëtt dem Sport-Spill virgehäit, net innovativ genuch an am Fong näischt Aneres wéi en Update vun der leschter Versioun ze sinn. De Fait, dass ee muss de volle Präis bezuele fir e Spill, wat quasi identesch ass mam Virgänger, ass wéi ëmmer e Problem.

Des Weidere gëtt besonnesch ebe bei der Steam Versioun kritiséiert, dass een hei net déi “Next-Gen” Versioun vun der PS5 a Xbox Series X kritt, méi déi al Versioun vu PS4 an Co. Verschidden Elementer, wéi z.B. de Story Modus vun “MyCareer” goufen och eraus geholl.

RTL

Elo och bei NBA 2K: de Season Pass - dir kennt an haasst en aus all ären anere Spiller! / © YouTube Screenshot

De gréisste Problem schéngen awer d’Microtransactions ze sinn, déi dëst Joer nach méi aggressiv eriwwer komme wéi soss. Dëst Joer gëtt et dann och z.B. eng Aart “Season Pass” wéi een se aus Gratis Spiller wéi Fortnite kennt. D’Resultat dovunner schwätzt fir sech selwer.