
© Youtube Screenshot
Dass d’Nintendo Switch schonn zimmlech an den Alter komm ass, ass jo kee Geheimnis.
Et ass een sech dofir och bewosst, dass wann een sech eng Switch-Versioun vun engem Spill keeft, ee mat gewëssen Aschränkunge muss rechnen. Dofir sinn déi Spiller an der Reegel jo och e bësse méi bëlleg wéi en neit Spill op der PS5 oder Xbox.
“Mortal Kombat 1” allerdéngs net. Dat kascht op der Switch genee souvill wéi op de Konkurrenz Konsolen. An dowéinst gëtt d’Spill lo hefteg kritiséiert, well d’Grafik ass, souguer fir e Switch Spill, opfalend schlecht.

Nee, dir hutt net äre Brëll vergiess: d’Switch-Versioun ass esou flou! / © YouTube Screenshot
“Ripoff”, “Trash”, “Abomination” - esou nenne verschidde prominent Youtuber d’Switch-Versioun vun “Mortal Kombat 1” - an dat mat Recht. Ween sech verschidde Vergläicher mat anere Versiounen ukuckt, versteet séier firwat. D’Spill gesäit aus wéi eent vu virun 2 Konsole-Generatiounen an huet dozou och nach extrem laang Luetzäiten. Sou dauert z.B. d’Luede vun engem Kampf am Story Modus heiansdo iwwer 30 Sekonnen, woubäi de gläiche Kampf bei der PS5 Versioun mol net 1 Sekonn dauert.

Ween op der Switch (lénks) spillt, muss vill Zäit matbréngen! (Riets: PS5)
Duerch Spiller wéi “Doom” gouf bewisen, dass een och op der Switch eng Versioun ka produzéieren, déi flësseg leeft a gutt ausgesäit. Souvill Méi wollten sech d’Entwéckler vun “Mortal Kombat 1” awer wéi et schéngt net maachen. Mir roden also: Fanger ewech vun der Switch-Versioun!