Arichtungstrends 2020

Trends entstinn net einfach esou. Heiansdo huet en zwar d’Gefill se kommen aus dem Näischt, mee dem ass net esou. Trends entstinn ëmmer doraus wat grad an der Welt geschitt.

Nohaltegkeet gëtt ëmmer méi grouss geschriwwen. Dat gesäit een och am Interior Design. Hei gëtt no nohaltegem qualitativ héichwäertegem Material verlaangt. "Wegwerf-Miwwelen" sinn net méi ugesot, elo gëtt sech léiwer eppes Echtes aus héchster Qualitéit kaf, dat fir eng laang Zäit gutt ass.

Momentan ass d’Welt am Kampf géint de Plastik. Och heiraus entsteet d’Verlaangen no ëmmer méi natierleche Materialien. Och wat d’Faarwen uginn, gëtt de Moment vill op natierlech Faarwen a waarm Téin gesat. Planze sinn och grad voll am Trend, net nëmme virun der Dier mee och an der Wunneng.

Heiraus kann een den Trend "Verbindung mat der Natur" erschléissen.

Wat och opfält ass, datt vill Leit auszemëschten, ganz nom Motto "manner ass méi". Haut huet ee léiwer manner Objeten, déi awer méi Wäert hunn am Haus. Sou sinn z.B. Skulpturen a Konschtwierker ganz am Trend. Et gesäit esou aus, wéi wann d’Leit sech no Qualitéit a Simplismus seenen. Deenen eenzelen Objete gëtt net nëmme méi Wäert zougesprach, mee och de Momenter déi een doheem erlieft. Et seent e sech no schéine Momenter, un déi ee sech gär erënnert, an dat spigelt den Interior Design erëm.

Manner ass also méi a Qualitéit steet iwwer Quantitéit.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson