Wat Frisuren ugeet, sinn Trëtzen 2020 rëm IN.

Mee net iergendwellech Trëtzen, fir genau ze sinn, sinn et d'"Bubble Braids" oder och nach "Pull-Through Braid" genannt.

Op Pinterest gëtt momentan massiv no dëse gesicht. Och op de sozialen Netzwierker dauchen all Dag nei Fotoe mat dëser Trend-Frisur op. Op Instagram ginn et mëttlerweil bal 40.000 Posts zu dëser Trëtz. Dat wëll jo wuel eppes heeschen.

Dës Frisur huet een och ganz easy an ouni vill Zäitopwand selwer gemaach. Déi eenzeg Viraussetzung ass, dass d’Hoer mindestens schëllerlaang sinn.

Du brauchs och eigentlech nëmmen Hoerlastiker dofir!

An esou gi se gemaach:

  • Fänk uewen um Kapp un an huel horizontal all déi Hoer iwwert den Oueren zesummen a maach der ee Wutz.

  • Maach da genau dat selwecht, mat enger Partie Hoer ënnen drënner. Dës Partie ka plus minus 5 cm breet sinn.

  • Deel dann den 1. Wutz an zwee a lee dës Hoerpartië riets a lenks niewent den 2. Wutz.

  • Mat den Hoer vu riets a lenks a plus weider Hoer vun ënnendrënner an déi aus dem 1. Wutz bënnt ee sech den nächsten, also den 3. Wutz zesummen.

  • Widderhuel dës Schrëtt bis all d’Hoer geflecht sinn.

  • Zum Schluss ginn déi eenzel Trëtzen nach e bëssen ausernee gezunn, fir dass den "Bubble"-Effekt entsteet an d’Hoer méi deck wierken.

xx, Amii Watson