Eis Ernärung kann eis Stëmmung beaflossen. De Sproch "Du bist nicht du, wenn du hungrig bist" kënnt net vun Näischt.

Gutt Laun a gudde Schlof kann een also mat der richteger Ernärung stimuléieren. Liewensmëttel déi vill Tryptophan enthalen, wat eng Virstuf vum Gléckshormon Serotonin a vum Schlofhormon Melatonin, si kapabel eis glécklech ze maachen a gudde Schlof ze fuerderen!

Sojabounen, Cashew-Kären, Edamer-Kéis an och Eeër, Lënsen an Afennëss enthale vill Tryptophan a kënnen eis méi Energie verleeën.

Et ass allerdéngs wichteg ze soen, dass all Kierper anescht op Liewensmëttel reagéiert. De Kierper ass keng Maschinn an net alles wat een ësst huet de selwechten Effekt bei jidderengem.

Wat heescht dat dann elo, kann ee Gléckshormoner duerch eng gesond Ernärung ervirruffen?

Medezinner betounen ëmmer rëm, dass eis Stëmmung mat eiser Ernärung zesummen hänkt. Ee bekannt Beispill sinn d’Walnëss. Duerch Observatiounen ass opgefall, dass verschidden depressiv Patienten heiansdo ee richtegen "Heißhunger" op Walnëss hunn. Och hei rëm, dës enthale vill Tryptophan.

Weider Liewensmëttel déi dozou bäidroe kënnen, dass mer eis bësse méi glécklech fille sinn héichprozentege schwaarze Schockela, Goji-Bieren, Parmesan, Emmentaler, Sonneblummen- a Sesamkären.

xx, Amii Watson