Déi perfekten Hochzäitslocation fir 2020.

Heiansdo geschéie Saachen net onbedéngt sou, wéi mir eis dat virgestallt hunn. Ziele mir d'Joer 2020 mol dozou. Nierwend Festivals a Concerte sinn och ganz vill Hochzäite flaach gefall. Vill Virfreed an Organisatioun, déi op eemol ëmsoss war. Dat muss awer net sinn. Eng schéin Alternativ fir Summer an Hierscht wär nämlech eng méiglech Hochzäit am Gaart. Also behaalt är Virfreed, gefeiert gëtt trotzdeem. Hei kënnt meng Check-List fir déi perfekte Gaardenhochzäit:

  • D‘Gäschtelëscht misst dir natierlech den aktuelle Mesuren no upassen, mee ëm d’Location misst dir iech manner Gedanke maachen. Eng Hochzäit, wéi aus de Filmer an einfach vill méi intim a perséinlech. Den eegene Gaart ka mat deene richtegen Dekoratiounen all Partylocation iwwertreffen.

  • Fir d’Iessen dierft e Buffet déi richteg Léisung sinn. Och do kënnt dir natierlech e Caterer organiséieren, deen iech do all Aarbecht ofhëlt. E grousse Frigo musst dir just nach zousätzlech ausléinen, da schmëlzt den Hochzäitskuch och net éier en opgeschnidde gëtt.

  • Ëm d'Gedrénks sollt dir iech ob ärer eegener Hochzäit net këmmere mussen. Stellt einfach eng Bar op a loosst iech är Gäscht selwer zerwéieren. Mat Holzpalätten hutt dir do och ëmmer direkt eng flott Deko an alles verstoppt, wat een net direkt sollt gesinn.

  • Dat allerbescht un enger Gaardenhochzäit sinn d'Outfits. Kee brauch mat wéie Féiss heemzekrauchen. Am Gaart geet dat ganz och mol mat summerleche Schong an iwwert Wiss kann een och buerféiss trëppelen, wann d’Schong dann awer sollten drécken. Och bei der Kleedung dierf alles e bësse méi locker sinn, dann ass och genuch Plaz fir zwee Stécker vum Hochzäitskuch. Bei de Faarwen dierf et roueg an eng waarm Richtung goen: Olivegréng, Brong an en zaart Rosa si Faarwen, déi sech der Deko am Gaart gutt upassen an e schéint Gesamtbild maachen.

  • Eppes wat dir awer berécksiichtege musst ass d’Wieder. E léift Zelt oder Seegele kënnen iech virum Reen schützen a maachen är Party och einfach méi gemittlech, wa bis an d'Nuecht era gedanzt gëtt.

  • Dat wichtegst ass natierlech déi richteg Deko, an do kënnt dir bei enger Gaardenhochzäit roueg Gas ginn. Liichterketten, Käerzen, Lanteren, Fakelen... bei ärer Gaardeparty sinn iech keng Grenze gesat. Fir d’Léift vum Detail kënnt dir och mat ville Blumme schaffen an iech sou en Thema fir d'Hochzäit iwwerleeën. 

Och dëst Joer soll sech kënne bestuet ginn a mat dëse puer Iddie wäert et mat Sécherheet en onvergiesslechen Dag ginn.

xx, Mira