Mäi Foodie Breakfast Guide!

Et ass mëttlerweil kee Geheimnis méi, dass ech en absolutte Foodie sinn. An do fänkt et da scho mat gutt Kaffi drénken un. Dat gëtt et bei mir zwar réischt Mëttes, mee Frühstücken däerf een de ganzen Dag. Ob et lo déi wichtegst Moolzecht vum Dag ass oder déi, ob déi een sech schonn owes freet ass egal. Haaptsaach et schmaacht. An dofir kommen hei mol meng Go-To-Frühstück-Tipps:

Eppes wat bei mir ni feelen därf ass Kakuettebotter. Do gëllt zwar, net ze vill dovun iessen, soss kann et schnell eng Kaloriëbomm ginn. Mee mat der richteger Mooss mécht et äert iessen net nëmmen em dat duebelt méi lecker, mee och méi gesond.

Dofir mäin Tipp, Müsli oder Huewerflacken aweeche loossen, eng Banann dran, Jughurt an dann Toppinge vun ärer Wiel wéi zum Beispill frësch Friichten a Nëss.

Ween et gär waarm hätt, de kann sech e Porrdige maachen. Hei kënnt dir Huewerflacken och mat enger alternativ Mëllech wéi Kokos- oder Mandelmëllech lues zum kache bréngen. Niewendrun brot dir eng Banann am Ahornsirop un a gitt dat zum Schluss bei de Porridge dobäi.

Eppes Erfrëschendes fir de Summer ass och ëmmer eng Chiabowl. 20g Chiasoome mat e bësse Kokosmëllech gutt verréieren. Da stëllt dir dat fir eng Stonn an de Frigo bis dass et eng fest Konsistenz gëtt. E bësse wéi Pudding. Do kënnt dir och all Friichten als Topping drop maachen an am beschten e bësse crunchy wéi zum Beispill Müsli oder Nëss.

Zu gudder Lescht gehéiert eng Acai Bowl zu menge Favoritten. Bei de gefuerenen Acaibiere musst dir just nach eng Banann an e Schotz Mëllech an de Mixer ginn an dono mat Toppingen är Bowl verfeineren.

Hunn ech scho gesot dass iwwerall Kakuettebotter drop kënnt? Ech menge schonn.

Loosst et iech gutt schmaachen an denkt drun, e gutt Frühstück kennt keng Auerzäit ;)

xx, Mira