Iced Latte gëtt lo duerch den Iced Chai an den Iced Matcha Latte ofgeléist

Ice ice Latte! Keen neien Trend méi, mee total an eise Summer-Alldag etabléiert. Et ginn awer mëttlerweil Alternativen, déi net nëmme lecker mee och nach gesond sinn. Bleiwe mir awer kuerz beim Kaffi. Ween dorop net verzichten, an awer eppes Neies probéiere wëll, de muss sech d'nächste Kéier e Coconut Iced Latte bestellen. Zoubereet gëtt e ganz normal wéi all Iced Latte: Äis, Kaffi an iergendeng Mëllech. Beim Coconut Iced Latte gëtt ebe Kokosmëllech geholl, déi wierklech gutt schmaacht. Mee wat ginn et dann nach sou un alternative Summerdrinks? Scho mol eng kéier en Iced Chai Latte oder en Iced Matcha Latte probéiert?  
Huelt einfach all Gedrénks dat waarm gutt schmaacht, an drénkt et kal.

Chai ass en Téi, de mat Mëllech opgekacht gëtt. Mëttlerweil kritt een awer och gutt an natierlech Siropen, déi een direkt an déi kal Mëllech schëdde kann. Einfach mat Äiswierfel opfëllen a schonn hutt dir dat perfekte Summergedrénks.

Lo komme mir bei e Gedrénks, u wat ech mech ni sou richteg erugetraut hunn an elo e richtege Fan sinn. Iced Matcha. Et ass gréng, erënnert u Mochi, de Japaneschen Dessert a gouf bis lo virun allem ëmmer waarm gedronk. Änlech wéi den Chai gëtt Matcha mat Mëllech gedronk, awer virdru separat gemixt. Dir fëllt also e Glas mat Äiswierfel a Mëllech. Niewendrun musst dir de Matcha Polver mat waarmem Waasser vermëschen a gutt verréieren. Dono schëtt dir är Matcha Mëschung an dat kaalt Glas a schonn hutt dir net nëmmen e leckert, mee virun allem och nach gesond Summergedrénks dat waakreg méscht. Matcha ass nämlech entzündungshemmend a gëtt vill an der asiatescher Kiche benotzt.

Dëse Summer hu mir dann niewent Iced Latte och nach zimmlech lecker aner Alternativen, déi virun allem och méi gesond sinn.

Eng gutt Erfrëschung ass garantéiert, loosst et iech schmaachen.

xx, Mira