Wat maache géint d'Pickelen ënnert der Mask?

A wéi gesäit et aus? Fan vun de Masken? Bestëmmt net. Mee si sinn immens wichteg a si mer éierlech: Et ass net dramatesch, zemools net fir déi Leit, déi se just kuerz beim Akafen undoe mussen. Eppes wat awer wierklech dorënner leit ass eis Haut. Se gëtt méi dréchen a mir kréien duerch déi schlecht Loft ënnert der Mask Pickelen. Och nach genannt: Mascne, also Masc + Acne. Wat een dogéint maache kann ass simpel a gëtt vill ze seele gemaach. Eis Hänn wäsche mir am Moment gefillten 100 Mol den Dag, mee wéi ass et da mam Gesiicht? Wéi oft wäscht dir esou richteg äert Gesicht? Ob Mann oder Fra, do muss et keen Ënnerscheed ginn. Natierlech schminke sech Fraen of a benotzen dacks méi Produiten, mee och do net ëmmer déi richteg.

Gi mir mol dovunner aus, dass dir scho komplett ofgeschminkt sidd. Da kann et hëllefen d'Gesiicht mat engem Peeling ofzemaachen. Domadder schruppt dir déi ofgestuerwen Hautschuppe vum Gesiicht erof, an déi frësch Haut déi drënner läit kann erëm ootmen. Och eng Aart Ueleg kann hëllefen d’Réckstänn erof ze kréien. Wann dir iech schonn an d'Dusch stëllt an de Kapp schruppt, dann denkt do och un äert Gesiicht. Do musst dir natierlech just nach déi richteg Seef benotzen an drun denken, dass keen zousätzleche Parfum däerf dra sinn.

Wann dir alles erof hutt, wat een net op der Haut braucht, da kënnt dir ganz zum Schluss eng fetteg Crème benotzen - ouni Alkohol a Parfum an am beschte mat engem groussen Undeel un Urea. Déi suergt dofir, dass är Haut net ausdréchent a mat genuch Fiichtegkeet versuergt ass. Lo sidd dir prett fir en neien Dag mat  Mask an déi ganz Prozedur däerf sech gären e puer Mol d’Woch widderhuelen. Natierlech och wa mir iergendwann eng Kéier keng Maske méi brauchen.

xx, Mira